Ech fannen et schued dat d'Kanner ob hirem Yuppi Mini-Laf Pass ënnert "Aner Kannerleef" keen Stempel konnten kréien... vläit geet dat jo d'nächst Joer. D'Medaille ass awer ganz schéin an den Laf war ganz flott. Weider esou...!
Villmols merci un dei léiw Wierder vun Ierch allegueren!!!!! Ech sin immens glecklech dat et jidderengem esou wait supper gefall huet!!!! Weinst dem Wierder konnten mier leider naischt:(( Mee et haett wirklech schlemmer keinten sin!!! MIer hoffen daten mier daat naechst Joer genee esou kennen weider fueren an op jidder eenzelnen vun ierch zielen kennen!!! Mier sin onheemlech frou dat alles esou gudd geklappt huet waat ouni ierch an och eis fraiwelleg Leit niemols fonktionneiert haett!!!!
Ech féliciteiren den Organisateuren fir hiere flotten an perfekt organiséierten Laf, deen direkt an zu Recht e grousse Succès war. Wann d'nächst Joer d'Wieder e bessen méi matspillt, dann gett et bestemmt nach vill méi flott. Ech wenschen iech op jidde Fall nemmen dat bescht
Grousse merci un d'Organisatoren an un all dei freiwellesch Helfer - ouni sie wier naischt
gelaaf ! Et war alles esou perfekt organiseiert dat et eng Freed war haut zu Nospelt ze lafen. 2014 sin ech rem dobai.![]()
Frou, haut hei mat ze maachen. D'Wieder ass net daat bescht. Wönschen den Nouspelter Organisatoren daat Bescht a merci fir d'Organisatioun vum Laaf.
Peckvillercherslaf 








c


